Sie sind hier

Laurent Schanck

Den Laurent Schanck huet 40 Joer, ass bestuet, a Papp vun engem Jong. Hien ass zu Bäreldeng opgewuess , wou hien och haut nach wunnt.

Säit 2002 schafft de Laurent bei der Steierverwaltung am Staatsdéngscht.

Säit 2004 ass hien politesch aktiv, dëst an verschiddenen Gremien vun der Demokratescher Partei an bis 2013 och bei den Jongdemokraten.

Säit de Laurent den éischten Kontakt mat der Politik had, huet hien sech fir seng Matmënschen agesat. Et geet him drëm, fir net nëmmen ze kritiséieren, mee och eng Hand mat unzepaken an Ideen auszeschaffen, fir Problemer ze léisen an d’Liewen fir Bierger ze verbesseren.

(An senger Zäit als Jdl Walfer President (2005-2012) war de Laurent och ganz aktiv um nationale Plang, bei der Dp awer och bei der Jdl. Niewent sengem Mandat als Jdl Zentrumspresident (2010-2013), war hien och nach 1. Vizepresident vun den Jongdemokraten.

Säit 2016 ass de Laurent am Gemengerot an setzt sech do fir Walfer Bierger an.

De Laurent ass ausserdeem nach engagéiert

  • am Comité vun der Walfer DP wou hien Vizepresident ass
  • am Syndicat d’Initiative vun Walfer wou hien Vizepresident ass
  • am Comité vun der Crèche am Beienhäischen vun Bäreldang
  • am Conseil cum CIGL Walfer
  • als Member an der Verkéiers/Ëmweltkommissioun
  • am Comité Zentrum vun der DP