Sie sind hier

Elisabeth Gallinaro nei am Walfer Gemengerot!

Virun der Sëtzung vum Walfer Gemengerot ass d’Elisabeth Gallinaro als neien DP Member vum Conseil vereedegt gi. D’Elisabeth war bei de Walen 2017 als 1. Ersatz op der DP-Lescht ervirgaangen. Nodeems d’Joëlle Elvinger, fréier Walfer Buergermeeschtesch an Deputéiert, huet misse aus dem Gemengerot austrieden, well si d’Funktioun vum Lëtzebuerger Representant bei der Cours des Comptes Européenne ugeholl huet, ass d’Elisabeth Gallinaro elo an de Gemengerot nogeréckelt.

D’Elisabeth Gallinaro huet 26 Joer, schafft als Gemengebeamtin bei der Stad Lëtzebuerg, ass Presidentin vun der JDL Walfer an engagéiert sech aktiv an de Walfer Theaterfrënn, beim SIT an dem Walfer Basket.

D’Elisabeth ass elo Member vun der DP Fraktioun am Walfer Gemengerot zu der och nach d’Josée Altmann-Frideres, de Laurent Schanck, den Alain Weins an de Nic Wiot gehéiert.