Nodeems d’Joëlle Elvinger, eemooleg Walfer Buergermeeschtesch an Deputéiert, huet misse aus dem Gemengerot austrieden, well si d’Funktioun vum Lëtzebuerger Representant bei der Cours des Comptes Européenne iwwerholl huet, ass d’Elisabeth Gallinaro elo als nei Gemengeréitin vereedegt gin.
Virun der Sëtzung vum Walfer Gemengerot ass d’Elisabeth Gallinaro als neien DP Member vum Conseil vereedegt gi. D’Elisabeth war bei de Walen 2017 als 1. Ersatz op der DP-Lescht ervirgaangen.
Op der AG vu der DP Walfer gouf virun allem un de verstuerwene Fraktiounspresident vun der DP, Eugène Berger, geduecht. Virun engem grousse Publikum gouf de Comité nei designéiert an de Guy Arendt gouf neien President vun der DP Walfer.
Op der AG vu der DP Walfer gouf virun allem un de verstuerwene Fraktiounspresident vun der DP, Eugène Berger, geduecht. Virun engem grousse Publikum gouf de Comité nei designéiert an de Guy Arendt gouf neien President vun der DP Walfer.
Op der AG vu der DP Walfer gouf virun allem un de verstuerwene Fraktiounspresident vun der DP, Eugène Berger, geduecht. Virun engem grousse Publikum gouf de Comité nei designéiert an de Guy Arendt gouf neien President vun der DP Walfer.
Fir d’Demokratesch Partei war d’Lëtzebuerger Sprooch nach ëmmer och Integratiounssprooch. Dofir bitt d’Gemeng Walfer zënter laangem Sproochecoursen un fir datt jiddereen, deen eis Sprooch léiere wëll, och Lëtzebuergesch léiere kann.
D’Gemeng Walfer ass eng vun de wéinege Gemengen, wou no der Policereform net nëmmen de Policebüro bestoe bleiwe wäert, mä souguer ausgebaut gëtt. Momentan schaffe 5 Polizisten zu Bäreldeng, esou datt et virkomme kann, datt bei Congé a Krankheetsfäll de Policebüro ënnerbesat ass.
Am Kulturberäich huet Walfer vill méi ze bidden, wéi just déi landeswäit bekannte Walfer Bicherdeeg. Duerch den Ausbau vun der Walfer Galerie kritt eis Gemeng elo eng Plaz wou qualitativ héichwäerteg Ausstellungen an aner kulturell Manifestatiounen organiséiert kënne ginn.
Fir déi meescht Walfer ass et evident: d’Walfer Barrière fir op de Stafelter ass ëmmer zou! Effektiv: duerch d’Erhéijung vun der Frequenz vun den Zich, déi duerch Walfer fueren, ass d’Barrière nach méi dacks zou wéi fréier.
Op nationalem Niveau ass jo de Moment vill Bewegung an de Relatiounen tëschent dem Staat an der Kierch. Dofir war et fir d’Gemeng Walfer immens wichteg, dat gutt d’Verhältnis mat der Walfer Kierchefabrick an och der Walfer Por ze erhalen.
Et ass sécherlech kengem entgaangen, dass momentan e gréissere Chantier op der Haaptstrooss am Gaangen ass. Wéi bei jidderengem doheem, mussen déi al Infrastrukturen iergendwann erneiert ginn an duerch méi moderner ersat ginn.
Vun der nächster Rentrée un ass et endlech esou wäit: zu Helsem bei der Schoul geet déi nei Maison Relais op! Vill Eltere kënnen sech dann drop freeën, datt hir Kanner net méi no der Schoul an d’Maison Relais op Walfer gefouert musse ginn.
Eis Sportsveräiner sinn net nëmmen do, fir um héchsten Niveau Titelen ze gewannen, mä och fir eis Jugendlecher mam Sport a Kontakt ze bréngen. Dofir huet d’Gemeng 2016 decidéiert de Subside, deen d’Sportsveräiner fir hir Jugendaarbecht kréien, ëm 10% ze héijen.
Naturschutz an nohaltegt Handelen ass fir d’Walfer Gemeng scho laang eng Selbstverständlechkeet. Als Member vum Klimapakt a vum Klimabündnis, verzicht si och zënter Joren op Pestiziden bei der Fleeg vun de kommunale Gréngflächen.