12/06/2017
Walfer Journal
Sécherheet
D’Gemeng Walfer ass eng vun de wéinege Gemengen, wou no der Policereform net nëmmen de Policebüro bestoe bleiwe wäert, mä souguer ausgebaut gëtt. Momentan schaffe 5 Polizisten zu Bäreldeng, esou datt et virkomme kann, datt bei Congé a Krankheetsfäll de Policebüro ënnerbesat ass.