Walfer

Walfer: Budget 2024

Viru Kuerzem gouf am Walfer Gemengerot de Budget 2024 diskutéiert. D’DP Fraktioun huet sech  konstruktiv mam Budget auserneegesat. Mat verschiddene Punkten, déi zu engem groussen Deel och an onsem Walprogramm waren, si mir mat der Majoritéit averstanen. Mee leider ginn et awer och wesentlech Elementer, déi fir eis net richteg lafen. Et huet eis gefreet, dass och weider sozial Wunnenge geschaf ginn. D’Erneierung vum Walfer Schoulhaff ass och an onsen Ae wichteg. D‘Kafe vun der aler BIL-Agence fir d’Gemengenadministratioun ass eng Opportunitéit gewiescht, déi Sënn mécht. Mir sinn awer enttäuscht driwwer, dass et bei der Bäreler Schoul net wierklech virugeet. Et si leider och fir 2024 nach keng Sue fir déi konkreet Konstruktioun virgesinn. Et leeft just – elo schonn am 3. Joer – eng allgemeng Etude zu de “campus scolaires”.Den Uertsentwéklungsplang (PAG) kënnt net vum Fleck a wäert och 2024 nach net fäerdeg sinn. An dobäi waarden mir elo scho Joren drop, dass de neien Urbanisatiounsplang endlech eng modern, nohalteg a rechtssëcher Bauteplanung erméiglecht.Leider ass och kee Budget virgesi fir Subside fir renouvelabel Energien anzeféieren. Fir eis gëtt de Budget villen Erausfuerderunge vun der Zukunft vun onser Gemeng net gerecht an duerfir kenne mir en, trotz eenzele positiven Usätz, leider net matdroen. Mir wäerten am Gemengerot och weiderhin fir eis Iddien antrieden an hoffen esou d’Majoritéit dozou ze bréngen méi zukunftsorientéiert an hirer Planung ze sinn.

weiderliesen...

Merci

Merci all de Walfer Leit, déi eis ënnerstëtzt hunn. Och wa mir dës Kéier net an d’Majoritéit zeréck komm sinn, bleiwe mir zweetstäerkst Kraaft am Walfer Gemengerot a wäerten eis Roll an der Oppositioun voll ausfëllen andeems mir engersäits konstruktiv wäerte matschaffen, an anersäits och eng kloer Kontrollfunktioun vun der Majoritéit wäerten hunn. Mir wënschen eis eng transparent a konstruktiv Zesummenaarbecht mam neie Schäfferot.

Eis Kandidat/innen fir d'Gemengewalen 2023

Den 11. Juni 2023 sinn Gemengewalen. Déi Walfer Sektioun vun der Demokratescher Partei stellt iech hei hir Kandidatinnen a Kandidaten vir.

Eis Memberen am Gemengerot

Déi 3 Vertrieder vun der Walfer DP vertrieden d’Interesse vun de Walfer Leit am Gemengerot.