Sie sind hier

Eis Kleng si fir eis keng Klengegkeet

  • Kannerbetreiung
  • Schoul
  • Jugend
  • Kanner
  • Famill
Details

1. Kannerbetreiung a Schoul

E ganz wichtege Punkt ass d'Entlaaschtung vu jonken Elteren duerch eng verbessert Offer u Crèchen. An Zukunft wëll d'DP d’Ëffnungszäite vum Precoce méi flexibel maachen an hinnen den Zougang an d’Maison Relais erméiglechen. D'Gemeng ënnerstëtzt och weiderhin all Initiative fir zousätzlech konventionéiert Crèchen zu Walfer oder Helsem, esou datt all Kand eng Plaz an enger Crèche a senger Noperschaft kritt. D’DP setzt sech och dofir an, datt eis Schoulinfrastrukturen deenen héchste Standarden entspriechen, an dat ugefaange beim moderne Léiermaterial iwwert de Schoulhaff bis zum regionalen Iessen.

2. Kanner a Jugend 

Der DP ass et wichteg, datt et genuch flott Spillplazen an eise Quartiere ginn. Mir wäerte weiderhin dofir suergen, datt dës Spillplaze gläichzäiteg den héchste Sécherheetsnormen entspriechen. Mir wëllen och, datt d’Jugend sech an hirer Gemeng wuelfillt an eppes gebuede kritt; sief dat am Jugendhaus oder an engem vun eise sëlleche lokale Veräiner. Doniewent ass et eis wichteg, datt d’Jugendlecher sécher mam ëffentlechen Transport heem kommen, sief dat mat Nuetsbus, Nuetszuch oder mam Night Rider.

 

Lëtzebuerg kann alles erreechen. Ze Fouss, mam Bus, Zuch, Vëlo an Auto.

  • Mobilitéit
  • liewegen Uertskär
  • Douce Mobilitéit
  • Parksituatioun
Details

1. Mobilitéit

Och wann de Verkéier am Uelzechtdall, statistesch gesinn, ofgeholl huet, bleift et wichteg weider un der Verkéiersberouegung ze schaffen. Zënter Jore setzt sech d’Walfer DP fir eng Ëmgéiungsstrooss an, déi vum Biergerkräiz direkt op Steesel erofleeft. Mat dëser Strooss géif weideren Duerchgangsverkéier aus der Uertschaft ewechgehale ginn a soumat d'Liewensqualitéit zousätzlech verbessert ginn. Dëse Projet gëtt awer ëmmer nees vun de Gréngen a vun der CSV a Fro gestallt an och deementspriechend am zoustännege Ministère zënter Jore verworf.

Doriwwer eraus wäerte mer weider op douce Mobilitéit an den ëffentlechen Transport setzen. Op verschiddene Plazen zu Walfer, Helsem a Bärel kommen elektresch Dreiradvëloen, déi ee bei Bedarf benotze ka fir akafen ze fueren oder soss Aktivitéiten. Doniewent wäerte mir analyséieren, ob et méiglech ass, eventuell am Kader vun der Konventioun Uelzechtdall, mat den Nopeschgemengen zesummen eng regional E-Bike Vëlolocatioun opzebauen.

D’DP wäert sech weiderhi bei der CFL an dem zoustännege Ministère dofir asetzen, datt d’Walfer Gare behënnertegerecht renovéiert gëtt, sou datt se och fir Rollstill a Kannerkutschen accessibel gëtt an eng M-Box de Vëlosfuerer zur Verfügung steet. Nodeems de Chantier fir d’Unterführung vun der Barrière an der rue Prince Henri am Februar 2018 ulafe wäert, setzt d’DP sech weiderhin dofir an, datt och d’Barrièren an der rue Mercatoris an der rue de la Montagne duerch Unterführungen ersat ginn.

2. E liewegen Uertskäer

Den Nohaltegkeetsministère wëllt an den nächste Joren d’Dikrecher Strooss ëmbauen. D’Zil ass et, eis Haaptstrooss duerch méi flott Trottoiren an d’Planze vu Beem méi attraktiv ze maachen, dem Bus eng gewësse Prioritéit ze ginn a Vëlosweeër z’amenagéieren, fir datt ee sech erëm kann trauen, mam Vëlo iwwer d’Walfer Haaptstrooss ze fueren.

D’DP setzt sech dofir an datt Walfer eng flott Gréngzone am Uertskär kritt. Um Niveau vun der Gemengeplaz, op enger Längt vun ongeféier 100 Meter, tëscht der Bréck iwwer d’Uelzecht an dem Rond-point kënnt eng Vitesse 30-Zone. Sou ass garantéiert, datt ee mam Vëlo oder zu Fouss sécher vun der enger op déi aner Stroossesäit kënnt. Den Zougang zu de Geschäfter am Duerfkär gëtt esou méi sécher a méi agreabel. De Rescht vun der Haaptstrooss bleift d’Vitesse op 50 limitéiert.

D’DP ënnerstëtzt weiderhin eng lieweg an attraktiv Geschäftswelt an eiser Gemeng. Mir setzen eis dofir an, datt d’Parkplaze virun de Geschäfter laanscht d’Dikrecher Strooss erhale bleiwen.

Am Géigenzuch zu den Amenagementer géif Walfer e Parkhaus am Duerfzentrum kréie wat ënner anerem och de Manktem u Parkplazen um Edupôle géif kompenséieren. Eng Etude soll Opschloss iwwert e generellt Parkraummangagementsystem fir d’ganz Gemeng ginn. Dëst mécht erëm Dieren op, fir nei Gréngzonen an Erhuelungsraim, z.B op der Gemengeplaz.

 

Eis Energie setze mir geziilt an, zum Beispill fir Energie ze spueren.

  • Energieeffizienz
  • Ëmwelt
  • E-Bike
Details

1. Ëmwelt

D’DP huet am Ëmweltberäich e ganz houfrege Bilan a wëllt an deem Sënn als Klimabündnis- a Klimapaktgemeng weider schaffen. Esou sollen an Zukunft, do wou et méiglech ass, nei Gréngflächen entstoen. Wann d’Parkhaus bis gebaut ass, wëll d’DP d’Plaz virun der Gemeng méi flott a méi gréng gestalten.

2. E-Mobilitéit

Doriwwer eraus wäerte mer weider op douce Mobilitéit an den ëffentlechen Transport setzen. Op verschiddene Plazen zu Walfer, Helsem a Bärel kommen elektresch Dreiradvëloen, déi ee bei Bedarf benotze ka fir akafen ze fueren oder soss Aktivitéiten. Doniewent wäerte mir analyséieren, ob et méiglech ass, eventuell am Kader vun der Konventioun Uelzechtdall, mat den Nopeschgemengen zesummen eng regional E-Bike Vëlolocatioun opzebauen.

Fir Gemengen, an deene mir jonk kënne sinn an al wëlle ginn.

  • Jugend
  • Sécherheet
  • Eeler Matbierger
  • liewenswäert Gemeng
Details

1. Jugend

Der DP ass et wichteg, datt et genuch flott Spillplazen an eise Quartiere ginn. Mir wäerte weiderhin dofir suergen, datt dës Spillplaze gläichzäiteg den héchste Sécherheetsnormen entspriechen. Mir wëllen och, datt d’Jugend sech an hirer Gemeng wuelfillt an eppes gebuede kritt; sief dat am Jugendhaus oder an engem vun eise sëlleche lokale Veräiner. Doniewent ass et eis wichteg, datt d’Jugendlecher sécher mam ëffentlechen Transport heem kommen, sief dat mat Nuetsbus, Nuetszuch oder mam Night Rider.

2. Sécherheet

Mir hunn erreecht, datt de Bäreler Policebüro no der geplangter Policereform net zou gemaach gëtt, mä datt an Zukunft 12 Polizisten am Roulement wäerten hei schaffen. Sou ass garantéiert, datt de Kommissariat ka vu Moies 7 bis Owes 9 op hunn an d’Police gläichzäiteg Patrullen duerch d’Quartiere ka fueren. D’DP setzt sech dofir an datt trotz dem Manktem u Personal bei der Police, de Kommissariat sou séier wéi méiglech op déi 12 Leit opgestockt gëtt.

Fir méi Sécherheet wäert och eng besser Stroossebeliichtung suergen.

3. Eeler Matbierger

D’DP plaidéiert weiderhi fir e flott Matenee vun de Generatiounen.

Wa jonk Leit a Familljen d’Méiglechkeet kréie solle fir an hirer Gemeng ze wunnen an ze liewen, da gëllt dat och fir déi eeler Generatioun. D’DP ënnerstëtzt all Initiative fir de Bau vun engem Fleegeheem, engem CIPA an/ oder betreit Wunnen a setzt sech och weiderhin an, datt eeler Walfer Leit esou wäit wéi méiglech, och hire Liewensowend an hirer Gemeng verbrénge kënnen. Sollt kee Projet an deem Sënn realisabel sinn, wäerte mir eis mat Servior eenege fir Zëmmeren an hirem Heem zu Boufer fir Walfer Bierger ze reservéieren.

Och kënnt d‘DP hinnen a Saache Mobilitéit entgéint, andeems se hinnen d’Halschent vum Mobilitéitspass iwwer d’Gemeng rembourséiert.

Doriwwer eraus wëlle mir de System vum Telealarm ënnerstëtzen.

Zesumme wunnen an engem Haus. Zesumme liewen an enger Gemeng.

  • Wunnengsbau
  • Gesellschaft
  • Sport
  • Kultur
  • Veräiner
  • Fräizäit
  • Infrastrukturen
  • Integratioun
Details

1. Wunnengsbau

Mir bleiwe bei onser Politik: ronderëm d'Haaptachse vu Walfer gëtt méi dicht gebaut, hannendru méi lëfteg. Doriwwer eraus suerge mer dofir, datt erschwéngleche Wunnraum entsteet, fir datt och jonk Leit a spéiderhin hir Familljen eng Zukunft zu Walfer hunn, ouni awer den aktuelle Bauperimeter ze erweideren.

Mir wäerten, do wou et méiglech ass, de System vun der Colocatioun mat Zëmmeren zu verstännege Präisser méiglech maachen. D’DP wäert ausserdeem de soziale Wunnengsbau weider ukuerbelen.

Zousätzlech zu den Informatiounsversammlungen, déi d’Gemeng ëmmer am Kader vu groussen Infrastrukturprojeten organiséiert, wäerte mir och Biergerconsultatiounen a Workshoppen am Kader vun der Ausaarbechtung vum neie PAG (allgemenge Bebauungsplang) organiséieren.

MIR WÄERTEN DOFIR SUERGEN, DATT WUNNRAUM ZU RAISONNABELE PRÄISSER ENTSTEET, FIR DATT OCH JONK LEIT A FAMILLJEN ENG ZUKUNFT ZU WALFER HUNN.

2. Gesellschaft

Walfer ass eng Gemeng mat Awunner aus ronn 90 Natiounen. Dat harmonescht Zesummeliewe vun allen Nationalitéiten an och Altersgruppe läit ons um Häerz. Fir ons bleift d'Integratioun awer net beim Sproochecafé a beim multikulturelle Fest stoen. Mir wäerten ënner anerem d´Offer vun de Sproochecourse fir Lëtzebuerger a Net- Lëtzebuerger weider héichhalen an der Demande stänneg upassen. Doriwwer eraus setzt d’DP sech fir eng besser Integratioun vun den Auslänner an de Veräiner an.

3. Sport

Wat wier Walfer ouni seng Sportsveräiner? Si sinn e wichtegt Aushängeschëld vun der Gemeng queesch duerch d'Land. An dëser Philosophie wëlle mer se weider ënnerstëtzen an hinnen d'Méiglechkeete bidde fir an de verschiddene Championnater weiderhin um Wee vun de gudde Resultater ze bleiwen. Mir wäerten an Zukunft de Benevolat an deene Sportsveräiner finanziell ënnerstëtzen, déi besonnesch op d’Jugendequippe bauen.

MIR WÄERTEN DE BENEVOLAT AN D’JUGENDAARBECHT VUN DE SPORTSVERÄINER OCH WEIDERHIN ËNNERSTËTZEN!

4. Kultur

Walfer huet eng laang kulturell Traditioun. Déi soll net nëmmen erhalen, mä och ausgebaut ginn. Jonk Artiste vu Lëtzebuerg, aus ënnerschiddleche Sparten, solle vun onser neier Galerie (CAW – Culture@Walfer), awer och vun anere Méiglechkeete profitéieren. Donieft wäerten och d’Schoulkanner hei Atelieren ugebuede kréien, déi hinnen d’Kultur mat all hire Facette méi no bréngt. E kulturelle Koordinator wäert an Zukunft d'Organisatioun vum kulturelle Liewen an der Gemeng an d'Hand huelen.

5. Infrastrukture fir d'Zukunft

An der Politik, genau sou wéi am Liewen, ass et wichteg un d’Zukunft ze denke fir datt et deenen nächste Generatiounen un Näischt feelt. Entsprécht eise Centre Prince Henri nach de Besoine vu muer? Ass e grouss genuch? Hu mer genuch Säll? Hu mer genuch Parkplazen? Muss eist Gemengegebai moderniséiert oder aus- oder neigebaut ginn? Dat alles si Froen, déi mir eis haut scho stellen.

Och um Niveau vun de Schoule musse mer um Ball bleiwen. Wann ons Uertschaft ëmmer méi grouss gëtt, a mer Wunnraum fir jonk Famillje schafen komme stänneg Kanner bäi an déi sollen déi beschtméiglech Schoul kréien. Ënner anerem mussen d'Schoule vu Bärel an eventuell vu Walfer zu engem bestëmmte Moment och vergréissert ginn.

Dat sinn natierlech Investitiounen, déi geplangt musse ginn, an dat si mer de Moment am gaangen ze maachen.

D’Infrastrukturen an der Gemeng Walfer musse stänneg ugepasst gi fir hir Missioun voll a ganz z‘erfëllen an de sanitären an ekologeschen Ufuerderunge vun haut a vu muer z‘entspriechen.

MIR DENKE LAANGFRISTEG. D’INFRASTRUKTURE VUN DER GEMENG MUSSE STÄNNEG UN DÉI NEI BEDÜRFNISSER VUN DEN AWUNNER UGEPASST GINN.

 

Mir schwätze vill Sproochen, online ass eng dovunner.

  • modern a biergerno Gemeng
  • Déngscht um Bierger
  • Kommunikatioun
  • Gesond Gemengefinanzen
Details

1. Eng modern a biergerno Gemeng

Der Walfer DP ass et wichteg, datt d’Bierger iwwer dat informéiert sinn, wat an hirer Gemeng geschitt. Sief dat duerch den Alarm TILT-System, eis nei méisproocheg Homepage www.walfer.lu oder och iwwert déi sozial Medie wéi Facebook. Doniewent vernoléissege mir awer déi klassesch Informatioun iwwert de Gemengebuet net. D’DP wäert sech och dofir asetzen, datt esou vill wéi méiglech Informatiounen iwwert den Internet zougänglech sinn, fir sech de Besoine vun de Bierger vun haut unzepassen. Mir wäerten och d’Ëffnungszäite vun eise Gemengeservicer iwwerpréiwen a kucke wéi mir dës am beschten un d’Besoine vum Bierger upasse kënnen.

2. Finanzen

D'DP ass eng Partei, déi responsabel mam Budget vun der Gemeng, also mat ëffentleche Suen, ëmgeet. Walfer ass keng räich Gemeng an dofir ass et ëmsou méi wichteg, den Iwwerbléck ze behalen an nëmmen dat, wat een zur Verfügung huet, z’investéieren. Mir hunn dat an de leschte Jore gemaach a wäerten och mat dëser Finanzpolitik am Kader vum finanzielle Méijoresplang virufueren. Dëst am Interessi vun der Gemeng an hire Bierger. D’Walfer DP mécht och keng Walkaddoe vun deenen se weess, datt se no de Walen net anzeléise sinn.

MIR GI RESPONSABEL MAM BUDGET VUN DER GEMENG ËM!