Sie sind hier

Alain Weins

Nom Studium op der Albert-Ludwigs-Universitéit zu Freiburg i. Br. an de Beräicher Germanistik, Geschicht a Politikwëssenschaften an no engem Passage an der Mediewelt (RTL-Radio-Lëtzebuerg) ass den Alain Weins ab 1995 Professer am Secondaire. Fir d’éischte Kéier ass hien 1999 Kandidat bei de Gemengewalen zu Walfer, wou hien direkt an de Gemengerot gewielt gëtt. 2003 gëtt hien Schäffen, hien bleift Éischte Schäffen bis den November 2017. Vum Februar 2000 un ass den Alain Weins Vize-President vum SIDERO (Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l’ouest), wou hien vun 2012 bis 2018 President ass. Hien ass Member vun der DP am Walfer Gemengerot. Ausserhalb vun der Politik ass den Alain Weins President vum Walfer Basket (BBC Résidence), President vun der Crèche „Am Beienheischen“ a Vize-President vun dem CIGL-Walfer „Wissbeien“