Sie sind hier

Nic Wiot: De Policebüro zu Walfer gëtt ausgebaut

Walfer Journal Sécherheet

D’Gemeng Walfer ass eng vun de wéinege Gemengen, wou no der Policereform net nëmmen de Policebüro bestoe bleiwe wäert, mä souguer ausgebaut gëtt. Momentan schaffe 5 Polizisten zu Bäreldeng, esou datt et virkomme kann, datt bei Congé a Krankheetsfäll de Policebüro ënnerbesat ass. An Zukunft wäerten am ganze bis zu 12 Polizisten am Roulement zu Bäreldeng schaffen. Esou ass net nëmme garantéiert, datt ëmmer genuch Leit disponibel sinn, mä d’Poliziste kënne gläichzäiteg Patrulle fueren an de Kommissariat op hunn, wat momentan net méiglech ass. Well an Zukunft méi Beamten zu Bäreldeng schaffe wäerten, kann de Kommissariat och méi laang op hunn, an zwar vu Moies 7 bis Owes 9.

 

«Et ass wichteg, datt de Kommissariat ëmmer dann op ass, wann d’Leit d’Police brauchen ! Déi nei Ëffnungszäite wäerten et an Zukunft jidderengem méiglech maachen um Policebüro laanscht ze goen.»
Nic Wiot, Schäffen zu Walfer

 

Duerch dës Reorganisatioun wäerten dann och an Zukunft méi Polizisten zur Verfügung stoe fir Patrullen ze fueren. « Wann d’Police regelméisseg duerch d’Quartiere fiert, da fillen d’Leit sech méi sécher! » esou den Nic Wiot.

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen soll och eng ideal Beliichtung vun den Zebrasträife suergen. Dofir huet d’Gemeng Walfer eng Etude an Optrag ginn, fir erauszefannen, wat fir Passagen nach mussen duerch eng besser Beliichtung méi sécher gemaacht ginn.

 

Français:

Plus de policiers pour le bureau de police

La commune de Walferdange a la chance qu’avec la réforme de la police grand-ducale le commissariat de Bereldange ne devra pas fermer ses portes, mais sera même doté de 12 agents afin de pouvoir élargir les heures d’ouverture de 7 heures du matin à 9 heures du soir. Le renforcement du personnel à Bereldange permettra aussi à la police d’être plus présente dans nos quartiers. Pour augmenter la sécurité sur nos routes, la commune a également commandité une étude afin de définir les passages piétons qui nécessitent un meilleur éclairage.

 

English:

More police force for Walferdange

The commune of Walferdange is fortunate that the police reform will not imply the closure of the Bereldange police station. On the opposite, the number of agents will be increased from 5 to 12. This will guarantee longer opening hours: from 7am to 9pm. More police officers in Bereldange also mean more presence in our streets. To raise the safety on our roads, the commune has also commissioned a study to define those pedestrian crossings that require better lighting.