Sie sind hier

Martine Gortan-Thill: Eng nei Maison Relais zu Helsem

Walfer Journal Schoul

Vun der nächster Rentrée un ass et endlech esou wäit: zu Helsem bei der Schoul geet déi nei Maison Relais op! Vill Eltere kënnen sech dann drop freeën, datt hir Kanner net méi no der Schoul an d’Maison Relais op Walfer gefouert musse ginn. Dëst seet och d’Martine Gortan-Thill, dat zu Bärel, zu Walfer an zu Helsem an d’Primärschoul gaangen ass: « Wann zu Helsem déi nei Maison Relais opgeet, da wäert d’Walfer Gemeng an all hire Primärschoulen top-equipéiert Strukturen hunn, fir d’Kanner baussent de Schoulstonnen ze versuergen. Zudeem kann an der neier a grousser Sportshal  net nëmme Sport gemaach ginn, mä et kënnen ochaner Schoulevenementer do organiséiert ginn. En anere grousse Virdeel ass och, datt op all Schoulsite frësch gekacht ka ginn.»

 

«D’ Schoulen, an déi ech als jonkt Meedche gaange sinn, sinn net ze vergläiche mat deene modernen a kannergerechten Infrastrukturen, déi eis Kanner haut hunn»
Martine Gortan-Thill, Presidentin vun der Elterevereenegung (APEW)

 

D’Martine Gortan-Thill ënnersträicht och de gudden Dialog tëschent der Elterevereenegung an dem Walfer Schoulpresident: « Hien ass immens disponibel fir op d’Doleance vun der APEW anzegoen.» Mir hunn zu Walfer am Fong ideal Strukture fir d’Schoulkanner, den Transport vun den dräi Uertschafte bis an d’Schoul fonctionnéiert gutt an och d’Koordinatioun tëschent de Schoulen an de Maison Relaise leeft ouni Problem.

 

Français:

Une nouvelle maison relais à Helmsange

A partir de la prochaine rentrée scolaire, l’école de Helmsange disposera d’une nouvelle maison relais et d’un nouveau hall sportif. Finis alors les transferts des enfants vers la maison relais de Walferdange. Grâce à une nouvelle cuisine les plats pourront être préparés fraîchement et sur place. Martine Gortan-Thill, la nouvelle présidente de l’association des parents d’élèves (APEW), souligne que les infrastructures scolaires modernes dont profitent nos enfants n’ont plus rien à voir avec les écoles qu’elle fréquentait en tant que jeune fille à Bereldange, Helmsange et à Walferdange.

 

English:

A new childcare centre in Helmsange

From the beginning of the next school year, the Helmsange school complex will have a new childcare centre and a new sports hall. The children‘s transfers to the Walferdange childcare centre will thus no longer be needed. Thanks to a new kitchen the meals can be freshly prepared on the spot. Martine Gortan-Thill, the new president of the Parents Association (APEW), points out that the current modern school infrastructure can’t be compared to the schools she attended as a little girl in Bereldange, Helmsange and Walferdange.