Sie sind hier

Josée Altmann-Frideres: Kultur zu Walfer - Vill méi wéi just d'Bicherdeeg

Walfer Journal Kultur

Am Kulturberäich huet Walfer vill méi ze bidden, wéi just déi landeswäit bekannte Walfer Bicherdeeg. Duerch den Ausbau vun der Walfer Galerie kritt eis Gemeng elo eng Plaz wou qualitativ héichwäerteg Ausstellungen an aner kulturell Manifestatiounen organiséiert  kënne ginn. E neit Konzept wäert derfir suergen, dass déi zousätzlech Ausstellungsfläche vu ville Leit kënne genotzt ginn. Ënner anerem ass all Joer e Salon artistique geplangt, awer och eis Walfer Schoule kënnen déi nei Raimlechkeeten z.B. fir Workshoppe benotzen. D’Presidentin vun der Kulturkommissioun, Josée Altmann-Frideres ass sech sécher, datt déi nei modern Galerie eng flott Bühn fir kreativ jonk Lëtzebuerger Kënschtler wäert ginn.

 

«Mat der neier regionaler Museksschoul, kënne mer elo an de Gemenge méi Coursen ubidden!»
 Josée Altmann-Frideres, Presidentin vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Museksschoul.

 

Virun 3 Joer hu sech déi fënnef Gemengen aus dem Uelzechtdall zesummegedoe fir aus hire Musekscoursen eng gemeinsam Museksschoul ze schafen: d’«Regional Museksschoul Uelzechtdall». De Virdeel ass, datt elo och am 4. a 5. Joer Solfège- Coursen an de Gemengen ugebuede kënne ginn. Virdrun huet een dofir mussen an de Conservatoire goen. D’Musekscourse sinn och wichteg fir de Rekrutement an onse lokale Musek- a Gesangsveräiner.

En anere wichtege kulturellen Highlight zu Walfer an doriwwer eraus sinn déi regelméisseg «Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette». D’Josée Altmann-Frideres, Grënnungsmember an aktuell Vizepresidentin ass houfreg op den Erfolleg, deen dës Concerte bei der Populatioun fannen a wënscht sech, datt sech an Zukunft nach méi Leit fir déi héichwäerteg barock Museksensemble begeeschteren.

 

Français:

Culture à Walferdange – bien plus que les Bicherdeeg

Avec l’agrandissement de la galerie d’art au centre de Walferdange, la commune disposera d’un lieu pouvant accueillir des expositions les plus diverses. Un nouveau concept prévoit l’organisation d’un salon artistique annuel et la possibilité pour les écoles de Walferdange de louer les locaux pour des workshop. Avec la création de l’école de musique régionale «Regional Museksschoul Uelzechtdall», la commune peut désormais proposer un plus grand nombre de cours de musique. Un autre événement majeur culturel à Walferdange sont les concerts de musique baroque avec des artistes de haute renommée internationale, organisés régulièrement par les «Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette».

 

English:

Culture in Walferdange - much more than just the Bicherdeeg

With the enlargement of the gallery in the centre of Walferdange, the commune will have a place that can host various exhibitions. A new concept will encompass the organisation of an annual art fair and the premises may be used for workshops by local schools. Furthermore, with the creation of the regional music school „Regional Museksschoul Uelzechtdall“, the commune can now offer a larger number of music courses. Another cultural highlight are the Baroque music concerts with internationally renowned artists, regularly organised by the „Rencontres Musicales de la Vallée de l‘Alzette“.