Sie sind hier

D'Streck op de Stafelter muss erëm opgoen!

Zanter dësem Méindeg ass zu Walfer Verkéierschaos well d’Stroossen (CR125 an CR 126) tëschent Helsem an dem Stafelter gespaart sinn. Dës Streck gëtt an der Woch an der Moyenne vun iwwer 6.000 Gefierer benotzt, déi elo am Uelzechtdall festsëtzen oder neméi aus dem Osten erof op Walfer kommen.

D’DP an d’LSAP vu Walfer erënneren drun, datt op der Informatiounsversammlung vum 31. Mee 2017 vum deemolege Schäfferot –  zesumme mat de Ponts et Chaussées –  annoncéiert an decidéiert gi war, datt wärend der ganzer Zäit vum Chantier wäerten Deviatiounen ageriicht ginn, justement fir datt et net zu engem Verkéierschaos kënnt, wéi dat momentan de Fall ass.

De fréiere Schäfferot ass enttäuscht, datt déi nei Majoritéit vun CSV/Déi Gréng sech net un dëst Verspriechen hält, dat hir Virgänger de Bierger gemaach hunn.

D’DP an d’LSAP vu Walfer sinn erstaunt, datt den neie Schäfferot et net fir wichteg gehalen huet, weder de Gemengrot nach hir Bierger mat Zäiten iwwert dës Ofspärung z'informéieren. Esouguer am Informatiounsflyer iwwert de Chantier vum PN17 (Suppressioun vun der Barrière) vun der leschter Woch stoung näischt iwwert d’Ofspäre vun der Streck op de Stafelter. Och den Informatiounssystem „ALARM TILT“ wier en ideaalt Mëttel gewiescht, fir d’Bierger iwwert dës spontan Spärung z’informéieren.

D’DP an d’LSAP vu Walfer ruffen den neie Schäfferot duerzou op, dës Strooss erëm sou séier wéi méiglech opzemaachen. E Verkéierschaos bis Mäerz 2019 ass net am Interessi vun de Walfer Bierger, deenen hir Liewensqualitéit scho genuch ënner aner Chantiere leide muss. Eng weider gespaarte Strooss kënne mir eis momentan zu Walfer net leeschten!