Sie sind hier

D’DP-Fraktioun am Walfer Gemengerot ass nees komplett!

Nodeems d’Joëlle Elvinger, eemooleg Walfer Buergermeeschtesch an Deputéiert, huet misse aus dem Gemengerot austrieden, well si d’Funktioun vum Lëtzebuerger Representant bei der Cours des Comptes Européenne iwwerholl huet, ass d’Elisabeth Gallinaro elo als nei Gemengeréitin vereedegt gin. Domatt besteht d’DP Fraktioun am Walfer Gemengerot ëlo aus Josée Altmann-Frideres, Elisabeth Gallinaro, Laurent Schanck, Alain Weins an Nic Wiot.